Kontakt
dem Jemp seng Links
de Schankemännchen Asbl
An de Labränten

Fir déi 10. Produktioun vum Fräiliichtheater am Prommenhaff zu Groussbus geet d’Ekipp vum « Schankemännchen » ganz wäit zréck an d’Geschicht. Mir sinn an der griichescher Mythologie ukomm.

Hei läit den Zeus mam Poseidon am Clinch, hei moossen sech Fabeldéieren wéi de Minotaurus mat jonken Helden wéi dem Theseus. Hei wëllt de Kinnek Minos dee gréisste sinn, an hei fält den Ikarus vum Himmel, well en der Sonn ze no komm ass.

Vum Poseidon senger Ënnerwelt am Mier, bis op dem Zeus säin Olymp ass alles vertrueden wat d’Fantasi ze bidden huet. Tëschent Himmel an Hell ass näischt onméiglech.

Awer do läit eng Äerd mat Mënschen, an esou e Mënsch kann emol déck an d’Labränte kommen, wann en de groussen Held wëllt spillen, a wann e wëllt sinn wéi déi do uewen.

Wann d’Mënschen net mat Blëtz an Donner kënnen optrieden fir sech Respekt ze verschafen, da bréngen s’et awer ëmmer erëm fäerdeg, déi gëttlech Pläng mat Witz ze duerchkräizen.

Ier den Theseus sech am Labyrint verleeft, ier en also an d’Labränte kënnt, gëtt d’Ariane him säi Fuedem mat. Déi Geschicht ass bekannt, awer ronderëm dee Fuedem spannen sech eng ganz Rei aner fantastesch Geschichten, mat faarwege Figuren, déi an dësem 10. Fräiliichtspektakel an engem spektakulären Dekor optrieden.

Text: Jemp Schuster
Regie: Clod Thommes
Asssitenz: Christiane Thommes
Musek: Frank Möller
Kostüm: Sylvie Hamus a Cristina Kneip
Coiffure: Carine Schlim a Michel Mossong
Schmink: Mireille Gereke
Bühn: Schankemännchen
Luucht: On Stage Light
Requisiten: Thillenvogtei Wahl
Plakat: Pit Weyer.

Coproduktioun SCHANKEMÄNNCHEN Asbl a SPEKTAKEL Asbl.

Am Prommenhaff zu Groussbus

Den 20.21.22.23.27.28.29.30. Juli 2011
ëm 21.00 Auer

Reservatioun: 661 111 112
www.schankemaennchen.lu

Spektakel-Archiv

Dës Säit fir d'lescht geännert den 05.05.2011