Spektakel Asbl
SPEKTAKEL ass e klengen, professionnelen Theater ouni eegene Sall. Mir spillen iwwerall am Land an och emol am Äusland op alle klengen a grousse Bühnen. SPEKTAKEL Asbl ass also e rengen Tournéetheater.
Et ass awer och déi Asbl déi mat aneren Theateren oder Asblen am Theaterberäich koproduzéiert, op professionneller oder semiprofessionneller Basis, an domat och Laieschauspiller d’Méiglechkeet gëtt, an engem ofgesécherte Kader ze spillen.
Vum Ee-Mann KABARÄ bis bei de Fräiliichttheater mat 100 Leit ass hei alles méiglech.
SPEKTAKEL Asbl gëtt duerch eng Konventioun vum Kulturministär ënnerstëtzt, an ass Member vun der FLTP, der Lëtzebuerger Theaterfederatioun vun de professionnellen Theateren.
Ech kréien heinsdo gesot, et sténg näischt perséinleches iwwer mech um Internet. Dat ass wouer, an dat bleift och esou. Ech sinn net op Féissbuck an ech gi mech och net dohinner prostituéieren. Wann ee gär méi iwwert de Jemp Schuster wéisst, da gëtt et en Telefon fir unzeruffen a mat mer ze schwätzen. Ech hunn och eng Schell un der Dier, an ech maachen op wann ee mech bräuch. |
Wann een als Koppel zesumme lieft, dann ännert sech vill am Laf vun de Joren. Huet een sech am Ufank nach ganz verléift an d’A gekuckt, da verännert sech dee Bléck mat der Zäit. D’Frae gesinn op eemol ganz aner Saachen ewéi d’Männer. D’Männer kucken zwar nach, awer se gesinn näischt méi, an d’Frae loossen d’Männer kucken, well se wëssen datt et beim Kucke bleift. Se brauchen eigentlech näischt méi ze fäerten.
An dat ass schued. Wa bis alles Routine ass, wann dee schaarfe Bléck bis dréif gëtt, a wann ee fir all Liewenssituatioun en anere Brëll brauch, wann ee vu Langweil ënnert de Plaffong kuckt amplaz dem Partner an d’Aen, da gesäit een op eemol Saachen déi ee soss ni gesinn huet. De Plaffong huet eng Bascht. Scho jorelaang, an et hat bis elo keen et gemierkt.
Op eng satiresch witzeg Manéier, ouni e Blat virun de Mond ze huelen, mécht de Jemp Schuster eng Analyse vun eiser Gesellschaft. Wann och d’Welt net méi déiselwecht ass wéi viru 25 Jor, da lafen d’Mënschen nach ëmmer am selwechte Rad.
Text : Jemp Schuster
Musek : Balli Baldauff (an anerer)
Regie : Marion Poppenborg
Spill : Monique Reuter a Pierre Bodry
Virstellungen 2012 :
de 25., 27., 28. Abrëll, den 2., 4. & 5. Mee ëm 20.00 Auer
de 26. Abrëll an den 3. Mee ëm 19.30 Auer
Am Théâtre du Centaure am Dierfgen
4, Groussgaass Lëtzebuerg
Reservatioun : 22 28 28 oder centaure@pt.lu |