dem Jemp seng Links

Meckerkëscht - Kabarä

17.04.2009
Gudde Moien,

mer waren de mettwoch am Inoui Ärt Stéck "alles paletti" kucken, wat eis super gudd gefall hat!

Perseinlech hun ech vrun allem gudd iwwer den deel mat der Mme Réideng gelaacht. Mat hieren
Roamingtariffer.
Dat wat mer definitiv just nach gefehlt huet ass d'aussoh, dass een sech freet wisou ee sie an der
Politik net mei wäit un d'Muecht leisst, da geiff et och endlech viru goen? A kengem anere Beräich
ass esou schnell eng ännerung geschitt wei an der Roaminggeschicht - haut driwwer geschwat, muer
emgesaat an d'Firme verpflicht et Präisser ze senken. Ma geiffen se dat mol mat de Bezinspräisser
maan, oder mat de "Krääschen" Käschten! (oder nach am stroossebau, da wier d'Nordstrooss scho säit
mindestends 10 Joer färdeg)

An ech duecht emmer mer wieren an engem Land wou et Präisser vun de Firmen festgeluecht gin - wei
d'Coditel et och mam Abbo vun der Gemeinschaftsantenn mecht an och all joers kräfteg an d'Luut
sätzt (a jo laang Rechter verkaf hat die hinnen net geheiert hun).
Dat ass letzebuergesch Demokratie.

Wenschen weiderhin vill erfolleg a freee mech schon op eng next keier (Fulltime kenne mer och
schon, an hun dat ebenfalls excellent fond)

Bäscht Greiss an e scheine Weekend,

Yasmine Schmit

22.10.2008
Zoufälleg hun ech Ären Site entdeckt, an wor héll begéeschtert, dass Dir héi "owen" an Maarnech éng Viirstellung zum Béschten gitt. An obwuel schons sou gutt wéi ausverkaft as, haaten mir d'Chance nach 2 Plaatzen zë kréien! Noodéems wat ech elo schon héieren hun, gëtt dat ën fantastëschen Owend, wou mir äis elo schon wéi d'Gécken fréen.
Béescht Gréiss
Thorn Sonja

30.01.2008
Miir wooren gester am Inoui an hun eis Time geholl d'Geschicht vum Full ze lauschteren.

Wann ech der Meenung sin dass Letzebuerg Provenz woor, ass an emmer wert bleiwen, esou woor d'Fiirstelung vun Gester op Weltniveau. Do kennen sech vill "Komiker" an aaner selwer ernannten Könschtler dei en masse op der Tele ze "bewonneren" sin apaacken, an sech an den Inoui eng Nuess Full huelen goen. Kompliment un den Artist !!!!!!


11.01.2007
Mir ware gëschter an Ärer Virstellung, an ech muss soen, ech hu scho laaang net méi sou gutt gelaacht. Wann et stëmmt, dass d'Laache gesond ass an d'Liewenserwaardung erhéicht, da soen ech Iech villmools Merci fir déi Joren, déi Dir mir (eis) gëschter geschenkt hutt.

Mat beschte Gréiss,


4.12.2006
Ech hoffe jo awer, dass de Jemp nach weider op Tournée geet, oder soll hien nëmme méi a sénger Praxis am Inoui exerzéieren? Op däer anerer Säit ass dat e Viirdeel well all Praxis jo ewell fëmmfräi muss sinn; an demno dierft een dann och erëm de Jemp Schuster ouni Donschtschleier op der Bühn gesinn. Mee Jemp, et ginn ewell och vill Kulturzenterën iwwer Land wou's de nët méi brauchs ze fëmmen, du brauchs dech also nët an der Praxis am Inoui ze verkrauchen; maach och e puer Hausbesich iwwer Land!

Ech kann mech nëmmen dem Thierry Federspill sengem Kommentar uschléissen.

Ass eppes ? Dat ass eppes !!
merci fir dei immens Vierstellung (24.10.02)

 
Dës Säit fir d'lescht geännert den 12.06.2009