|
|
Jaddermunnes-Archiv |
|
 |
|
| D'Meedche mat de Fixspéin |
Fir Kanner vu 4 -12 Joer
SPEKTAKEL Asbl huet an Zesummenaarbécht mat der neier Kannerbühn am MINOUÏ zu Réiden e Stéck fir Kanner produzéiert.
vum 22.11.2009- 20.12.2009

Et war eemol am Wanter... esou fänke vill Märercher un. An da gëtt et meeschtens ganz schuckeleg a warem.
Dat klengt Meedche mat de Fixspéin kënnt äus enger ganz anerer Geschicht. Den Hans Christian Andersen huet se geschriwwen, an de Jemp Schuster huet en Theaterstéck dräus gemeet. Et ass e bëssen eng traureg Geschicht, awer wann een sech ëmkuckt, da ginn et och bei äis vill Kanner deenen et net esou gutt geet.
Heinsdo awer geet e bësse Wäermt schonn duer, fir e groussen Dram ze dreemen.
Spill: Marcel Heintz, Monique Reuter, Laure Pauly, Nathalie Gremling , Jemp Schuster a Shlomit Butbul.
Text :Jemp Schuster
Regie: Shlomit Butbul
Musek: Martin Folz,
Kostum: Cynthia Dumont, Bühn: Paul Biwer.
Produktioun : Spektakel asbl
|
|
|
|
De Robin Hood, deen am Sherwood Forest an England soll gelieft hunn, deen ass et vläicht ni ginn. Och wann de Kevin Costner vun Hollywood, deen am Film de Robin gespillt huet, behaapt, hien hätt e perséinlech kannt, da wëllt dat nach guer näischt heeschen. Well dee richtege Robin Hutt, huet sech anescht geschriwwen, an deen huet zu Lëtzebuerg am Huttebësch gelieft. Dee Bësch gëtt et haut net méi, se hunn en ewech geha fir eng Autobunn ze bauen.
Awer déi Zäit wéi de Robin Hutt am Huttebësch gelieft huet, du war nach alles e bëssen anescht ewéi haut. Dat ass schon éiweg laang hier, et war nach iwwerall Mëttelalter op der Welt, vill Kinnéken a Ritter sinn op Jerusalem gepilgert, well et en heiheem ze langweileg ginn ass. A wann se fort waren, hunn anerer probéiert hier Plaz um Troun ze kréien.
De Robin Hutt war ee Gudden. Deen huet opgepasst, datt kee séngem Här, dem Rischi Léiwenhäerz, eppes ewech geholl huet, esou laang wéi dee fort war. Neen, dat huet hie selwer organiséiert. Hien huet déi Räich iwwerfall, an en huet alles, oder bal alles un déi Arem verdeelt. Awer nëmme wann se zu him an zu sénger Band gehalen hunn.
De Kannertheater Jaddermunnes spillt d'Geschicht vum Robin Hutt no engem Text vum Jemp Schuster. Den Dekor an d'Affiche si vum Pit Weyer, d'Kostümer vum Anne Weyer a Sylvie Hamus, d'Musék huet de Frank Möller geschriwwen. De Jemp Schuster mécht d'Regie an et spillen: |
| Robin Hutt: |
Fos Schuster |
| Marianne: |
Michèle Turpel |
| Brudder Tuck: |
Arn Wallenborn |
| Firlefanz an Zaldot: |
Josée Hoss |
| Farlefinz an Zaldot: |
Dany Hardt |
|
 |
|
|
|
| Am Theatersall "Robert Krieps" vun der "Abbaye Neumünster" am Gronn gëtt dem Jemp Schuster säi Stéck MELUSINA verlängert. Well am Juli 2004 eng Virstellung fir d'Schoulen an d'Waasser gefall war, spille mer nach e puer Mol am Mäerz 2005. Dës Kéier awer ënner Daach. Et ass d'Geschicht vun där verzauberter Fra, déi an der Uelzécht muss hausen, an all siwe Joer eng Kéier op de Bock erop klëmmt fir hiirt trauregt Lidd ze sangen a fir ze waarden datt een se erléist. Wa méiglech ee schéine Prënz. Dat geschitt dann och. De Siggy vu Käerch huet sech mat séngem Kniecht Kuno ënnert dem Bock verlaf. E verléift sech an d'Melusina a versprécht em direkt ee Schlass um Bock ze bauen. Awer do hat e méi séier geschwat ewéi geduecht. E bräuch Hëllef, an déi kritt e vum Däiwel ugebueden. |
| Spill & Gesang: |
Paddy Freres, Michèle Turpel, Mars Hamilius, Clod Thommes a Fos Schuster |
| Text a Regie: |
Jemp Schuster |
| Musek: |
Robert Lamboray |
| Dekor: |
Claude Leuenberger an Célia Spizak |
| Arrangementer: |
Balli Baldauff |
| Affiche: |
Pit Weyer |
| Kostüm: |
Anne Weyer a Sylvie Hamus |
|
Eng Koproduktioun vu "Spektakel Asbl" an "Abbaye Neumünster" |
 |
|
Pinocchio |
|
De Pinocchio vum Carlo Collodi ass eigentlech eng al Geschicht, em d'Joer 1880 an Italien entstanen. Kënne mer haut am Zäitalter vun der Playstation wou jidderee mat séngem eegenen Handy um Ouer dorëmmer leeft, nach eppes matt enger klenger Holzepopp ufänken? Dat wëllt de Kannertheater Jaddermunnes probéieren. Wat gëtt et Schéineres wéi sech am Theater an d'Welt vum Schräinermeeschter Geppetto entféieren ze loossen! De Pinocchio fält deem aarme Mann jo souzesoen an de Schouss, an et kann ee soen datt dee matt sengem Bouf geplot ass. De Pinocchio ass keen dee brav um Stull sëtze bleift, et zitt en an d'Welt eräus, an do erlieft en déi schlëmmste Saachen, an e gëtt Léiergeld. Wann dach nëmmen déi laang Nues net wier, dann hätt en et vill méi einfach! E geréit an den Zirkus, duerno op ee Bauerenhaff, e muss d'Hinger hidden, awer de Fuuss an de Kueder probéieren en dorunner ze hënneren. Wann de Pinocchio guer net méi äus an a weess, da kënnt d'Fee mat de bloen Hoer him hëllefen. Et weess kee wou se hierkënnt, si ass op eemol do. An dat geet jo och duer. Et muss een net op all Fro eng Äentwert sichen, heindo ass et gutt wann esou ee klengt Geheimnis stoe bleift. De Pinocchio kënnt, op der Sich no sengem Papp, bei d'Mier, an do däucht een décke Wal äus dem Waasser op. Dee wäerd säi Papp dach net....!!!. Dach deen huet säi Papp geschléckt! Elo muss de Pinocchio all säi Courage zesummen huelen.
|
| Spill: |
Rolly Fellerich, Michèle Turpel, Fos Schuster |
| Text a Regie: |
Jemp Schuster |
| Musek: |
Frank Möller |
| Dekor: |
Anne a Pit Weyer |
| Kostüm: |
Anne Weyer a Sylvie Hamus |
Fir Kanner a Grousser vu 4 Joer un |
|
 |
|
Hues
de vill,
da bass de vill geplot
|
|
|
|
Fräi
nom Märchen
Hans im Glück
vun de Bridder Grimm
"Hues de
vill, da bass de vill geplot" ass eigentlech eng Geschicht
déi wonnerbar an eis Zäit passt. Wa vill Leit
dem Gléck norennen, an et awer net fannen, da läit
dat vläicht dodrunn, datt se guer net wësse wat
Gléck ass. Ass ee glécklech wann ee räich
ass, wann ee vill huet? Jo dat ass net schlecht awer et ass
net alles. Fir déi eng ass d'Gléck Gesondheet,
fir déi aner Fridden oder Léift, déi
eng bräuche méi fir glécklech ze sinn,
an déi aner manner. Et kann een sech och iwwert dat
freeë wat engem all Dag an de Schouss fält a wou
ee scho guer net méi miirkt datt et och anescht kënnt
sinn.
|
| Spill: |
Dany
Hardt, Josée Hoss, Michèle Turpel, Fos Schuster. |
| Text a Regie: |
Jemp Schuster |
| Musek & Assistenz: |
Luise
v. Hegel, |
| Dekor: |
Atelier
Dekoter |
| Kostüm: |
Cristina
Kneip a Sylvie Hamus |
|
Fir Kanner a Grousser vu 4 Joer
un
|
|
|
|
 |
|
|